Service vun de Bluttspenden"Et muss nees méi Blutt gespent ginn!"

RTL Lëtzebuerg
Den Ament gëtt net genuch Blutt gespent, seet de Service vun de Bluttspenden. Am Laf vum Joer ginn et ëmmer nees Amenter wou d'Bluttreserve méi knapp ginn.

“Et muss nees méi Blutt gespent ginn!” / Chris Meisch

Beim Bluttplasma gëtt et net just zu Lëtzebuerg eng Penurie, mee souguer weltwäit. 100 bis 120 Donen den Dag bréicht een, fir d’Bluttkonserven zu Lëtzebuerg konstant ze halen. Dat wier an der Lescht net ëmmer de Fall gewiescht. Datt et des Zäit am Joer méi enk mat de Bluttreserven ass, wier net aussergewéinlech, seet d’Andrée Heinricy, Doktesch am Service vun de Bluttspenden:

“Elo am Wanter, mir hunn et all gemierkt, et ware vill Leit krank an den Ament kann een net spenden. Och wann een no engem normale grippalen Infekt just 14 Deeg muss waarden nodeem ee rëm gesond ass, sou summéiert dat sech awer a ganz vill Leit koumen sou net dozou ze spenden. An dann den Ament ass och Vakanz, vill Leit sinn an d‘Ausland gereest an den Ament kommen se och net dozou, fir ze spenden.“

Wee gär Blutt spende wëll, muss tëscht 18 a 65 Joer al sinn an op d’mannst 50 Kilo weien. Fir eventuell Riske vun enger Infektioun ze evitéieren, ginn et e puer Konditiounen, un déi ee sech hale muss. Zum Beispill wann een an engem tropesche Gebitt an der Vakanz war, ee säi Sexualpartner gewiesselt huet oder en Tattoo oder Piercing krut. Als éischt muss een e Questionnaire ausfëllen an dann huet een e Gespréich mat engem Dokter:

“A wann dat da gemaach ass, dat dauert 5 bis 10 Minutten, wann een e reguläre Spender ass, villäicht eng véierel Stonn wann een nei ass. Da geet et och scho lass mam Bluttspenden. Do kënnt een dann hei an de Sall, et läit ee gemittlech do a mir huele 475 Milliliter Blutt deen Ament, dat dauert och nëmme 5 bis10 Minutten, dat ass also eppes wat relativ séier geet.“

"Et muss nees méi Blutt gespent ginn!"
Den Ament gëtt net genuch Blutt gespent, seet de Service vun de Bluttspenden. Am Laf vum Joer ginn et ëmmer nees Amenter wou d’Bluttreserve méi knapp ginn.

D’Tiara Ernten war mat 18 Joer déi éischte Kéier Blutt spenden a kënnt ëmmer nees gäre laanscht.

“Well mäi Papp dat schonn oft gemaach huet an ech hu mir geduecht, komm, ech wëll dat och eng Kéier maachen. Ech mengen, et soll ee keng Angscht virdrun hunn. Natierlech deet d‘Piqûre kuerz wéi, duerno spiert een d’Piqûre net méi wärend d‘Blutt fléisst. D’Infirmièrë si ganz léif hei, et kritt ee Croissanten, dofir ech fannen et soll een eng Kéier kommen an da kënnt ee warscheinlech oft rëm.”

Falls d‘Reserven zu Lëtzebuerg eemol komplett opgebraucht sollte sinn, ginn et Accorde mat Organisatiounen an den dräi Nopeschlänner, fir z’assuréieren, datt och am Noutfall genuch Bluttkonserven disponibel sinn. Méi Informatioune wou a wéini ee Blutt spende kann, fënnt een ënner dondusang.lu.

Back to Top
CIM LOGO