
“E ganz oppent a konstruktiivt Gespréich”, huet de President vun der Landwirtschaftskammer Christian Hahn déi éischt Entrevue mam neien EU-Kommissär fir Landwirtschaft Christophe Hansen genannt. E Méindeg huet ee sech am Landwirtschaftsministère gesinn, fir haaptsächlech iwwert d’Zukunft vum Secteur ze schwätzen.
Am Kader vum zweete Landwirtschaftsdësch am Dezember huet d’Landwirtschaftskammer zesumme mam Ministère en Avis ausgeschafft iwwert de Rapport vum strategeschen Dialog iwwert d’Zukunft vun der EU-Landwirtschaft. Do wier dem Christian Hahn no virun allem rieds iwwer Ëmweltthemen an Nohaltegkeet, allerdéngs net vill iwwert d’Wirtschaft an d’Zukunft:
“An duerfir hate mir och scho fir de Landwirtschaftsdësch u sech déi dräi Pilieren opgedeelt, fir awer och ze soen, dass et wichteg ass de Point op d’Wirtschaftlechkeet an d’Zukunftsfäegkeet vun de Betriber ze leeën, well wa mer keng Betriber méi hunn, dann hu mer och keen, deen duerno d’Oplagen ëmsetzt.”

E wichtege Punkt, deen een dem Christophe Hansen awer och mat op de Wee ginn huet, ass deen, déi Jonk ze mobiliséieren an hinnen d’Passioun vun der Landwirtschaft ze iwwermëttelen:
“Well ouni Passioun geet et an eisem Beruff leider net. An d’Passioun ass eeben déi lescht Jore liicht erofgaangen duerch all deen administrativen Opwand, dee mer hunn. An ech mengen, do hu mer awer e gutt Ouer beim Christophe Hansen fonnt, fir datt hien awer och wëll probéieren, dat administratiivt awer e bëssen zréckzeschrauwen do, wou et méiglech ass.”
Allgemeng hätt een d’Gefill net just mam Landwirtschaftsministère, mä och mam EU-Kommissär op ville Punkten op enger Linn ze leien, seet de President vun der Landwirtschaftskammer:
“Dat heescht, dass mer net ze vill Changementer an deenen nächsten Agrargesetzer maachen, dass mer dat emol e bësse lafe loossen, déi Betriber schaffe loossen. Do ginn Investissementer gemaach vun 20 Joer op 20 Joer an da maache mer all siwe Joer nei Restriktiounen an dat soll een eng Kéier bësse méi lafe loossen a schaffe loossen.”
De Christophe Hansen wäert net alles änneren, dat ass ee sech bewosst, an awer huet de Christian Hahn d’Gefill, datt een op oppen Ouere stéisst:
“Hie kennt jo deelweis schonn dann e bëssen d’Problematik an an der Diskussioun, fannen ech, dat ass immens flott, well et schwätzt een u sech op engem Niveau. Et gëtt verstanen, wat ee seet.”

Virgesi war eigentlech, datt de Christophe Hansen seng Strategie den 19. Februar presentéiert, well d’EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen awer krank ass, ass et méiglech, datt deen Datum verréckelt gëtt.
Sou oder sou wéilt een awer am Mäerz oder Abrëll nach emol mam zoustännegen EU-Kommissär de Point maachen, huet de President vun der Landwirtschaftskammer Christian Hahn nach am RTL-Interview betount.