D’Regierung ass der Meenung, datt een anere Länner hir Decisioune par Rapport zu der Atomenergie akzeptéieren a respektéiere soll. Dat sot de CSV-Premierminister Luc Frieden.
D’Lëtzebuerger Regierung wéilt keen Atomkraaftwierk zu Lëtzebuerg bauen, géing sech fir erneierbar Energien asetzen an och dofir, datt al Atomkraaftwierker an den Nopeschlänner zougemaach ginn.
“Et ass e Fakt, an ech mengen, mat deem muss ee sech auserneesetzen, datt vill Länner an Europa, och eis direkten Noperen, mee och anerer a Skandinavien, Länner mat ganz ënnerschiddlechen politeschen, komposéierte Regierungen a Majoritéiten, datt déi op aner Schinnen och ginn. An ech mengen, et ass wichteg, datt mir zu Lëtzebuerg déi Realitéiten och kucken. Wéi kënne mir eis Transition énergétique maachen? Wéi maachen déi aner hier? An ech fannen, datt ee respektvollen Debat tëschent eis heiheem an tëschent eis an dem Ausland, an Europa muss och doriwwer kënne méiglech sinn.”
Déi Lénk haten Explikatioune vun der Regierung gefuerdert, no rezenten Aussoe vum Premier. D’Regierung géing zu den erneierbaren Energien stoen an doran investéieren, sou den DP-Energieminister Lex Delles.
Et sollt ee sech awer als klengt Land, dat just 16 Prozent vu senger Energie selwer produzéiert domat zréckhalen, anere Länner Reprochen ze maachen. Eng Motioun vun Déi Lénk, datt keng EU-Gelder sollen an d’Atomenergie fléissen, krut keng Majoritéit an der Chamber.
Spéitstens zanter dem Ukrainkrich huet sech d’Astellung géintiwwer der Atomkraaft a ville Länner geännert. No der Katastroph vu Fukushima 2011 hat Däitschland decidéiert, d’Atomenergie opzeginn. Lo weist ee sech awer net méi grad sou retizent géintiwwer neie klenge Reakteren, op déi och Frankräich setzt. Lëtzebuerg war jo ëmmer dofir, dass Zentrale ronderëm eis Grenzen sollen zoumaachen a keng hei am Land gebaut ginn.
Och déi nei Regierung wëll virun op erneierbar Energië setzen, och wann de Premier am Mäerz ausgesot hat, et misst een “technologie-oppe " sinn.
Déi Lénk, d’LSAP, déi gréng an d’Piraten hu sech an der Debatt géint d’Atomkraaft ausgeschwat.
Den David Wagner vun Déi Lénk hat d’Fro opgeworf, wéi een Impakt d’Fuerderung no enger Schléissung vun alen Atomreakteren an den Nopeschlänner nach hätt: “Wéi effikass ass dës Fuerderung vun enger Schléissung, wa fir d’Regierung nei Reakteren an Holland keng Roll méi spillen? Wou verleeft iwwerhaapt d’Grenz, ab wéini eng Zentral, eng Atomzentral fir Lëtzebuerg net méi geféierlech wier?”
De Vertrieder vun der CSV Jeff Boonen sot, erneierbar Energien hätte fir seng Partei Prioritéit, Atomenergie wier awer eng Realitéit.
“Well d’Atomenergie weider eng Realitéit ass, ass et fir eis als CSV wichteg, dass mer an d’Fuerschung a verschiddene Beräicher vum Nuklear virun investéieren.”
Als Beispill huet de Jeff Boonen d’Endlagerung genannt, awer och an d’Fuerschung ronderëm d’Kärfusioun misst investéiert ginn. Fir d’DP awer kéim just a Fro an d’Fuerschung z’investéieren, wann et ëm d’Offallgestioun geet, sou de liberalen Deputéierte Luc Emering. Vun der DP wier et e kloren “Nee” zu der Atomkraaft.
“Déi eenzeg a richteg Alternativ, déi eis erlaabt, eist Land klimaneutral ze entwéckelen an eis Klimaziler aus dem PNEC (Energie- a Klimaplang, ndlr) ze erreechen, sinn déi erneierbar Energien. Dës sinn net just méi bëlleg, mee och méi sécher a se kéinte scho bannent e puer Joren e grousse Stroumbedarf decken.”
D’ADR huet sech da fir d’Atomenergie ausgeschwat an de Risiko, deen dovunner ausgeet, mam Risiko fir mam Fliger erofzefale verglach.
De Vertrieder vun der ADR Tom Weidig huet iwwerdeems d’Kredibilitéit vun engem Vertrieder vu Greenpeace wärend senger Ried an der Chamber a Fro gestallt a vu Feelinformatioun an Hallef-Wouerechte geschwat. Eng Ausso, déi vum gréngen Deputéierte François Bausch schaarf kritiséiert gouf.