
Annerhallef Stonn huet d’Entrevue mam konservative Bruno Retailleau gedauert. Et wier ee gudden Echange gewiescht, sot de Léon Gloden bei eis am Interview.
“Also par rapport zu Lëtzebuerg huet en dat nach eng Kéier confirméiert, datt dat guer net an der Absicht ass vu Frankräich. D’ailleurs hu si d’Grenzkontrolle mengen ech scho 15 Mol verlängert zanter den terroristeschen Uschléi an antëscht huet jo och d’Reglementatioun geännert. Mee en huet nach eng Kéier confirméiert, datt hei Lëtzebuerg wierklech net viséiert ass. A si maachen, de façon générale, wann ech dat richteg verstanen hunn, just sporadesch Kontrollen op verschidde Routes nationalen a sécherlech keng fix Kontrollen, esou wéi déi Däitsch dat maachen.”
Zefridde weist sech den CSV-Inneminister och iwwer de verstäerkten Asaz vu sougenannte Patrouilles mixtes. Zanter engem Joer schaffen déi lëtzebuergesch an déi franséisch Police-Patrulle méi enk zesummen, fir grenziwwergräifend Kontrollen op den Haaptachsen am Stroosseverkéier an an den Zich.
“De Bilan ass gutt. Mir haten eng ganz Rei där Patrouilles mixtes lo och nach virun enger Woch oder 14 Deeg, wou se jo och eng Rei Saachen an den Zich fonnt hunn. Mir sinn och esou verbliwwen, datt mer déi Kooperatioun wëllen ausbauen. Mir hunn een alen Accord vun 2001, deen net méi der Zäit ugepasst ass, esouwuel wat d’Moyens technologiques sinn, ewéi d’Kooperatioun tëschent deene verschiddene Police-Corpsen. A mir hu festgehalen, datt mer deen Accord iwwerschaffen, fir eben deene moderne Gegebenheeten unzepassen.”
Esou sollen an Zukunft och op de Lëtzebuerger Autobunnen an Zukunft Kameraen installéiert gi fir eng automatesch Erkennung vun de Plackennummeren, huet de Lëtzebuerger Inneminister nach erkläert.
Lëtzebuerg wier dat eenzegt Land an der Groussregioun, dat dee System nach net huet. Den entspriechende Gesetzesprojet soll an den nächste Wochen am Regierungsrot presentéiert ginn.