Kapp vun engem Geessebock zu Miersch fonnt ginn"Et waren der, déi wossten, wat se maachen"

RTL Lëtzebuerg
An engem Stall beim Lycée Ermesinde direkt nieft dem Vëloswee goufen d'Iwwerreschter vum Déier entdeckt.

Et ass een zimmlech heftegt Bild. Op Facebook huet eng Fra ee Post gedeelt, wou op enger Foto de Kapp an ee Been vun engem Geessebock ze gesi sinn. Am Text schreift d’Fra, si hätt um Donneschdegmoien am Stall just nach d’Iwwerreschter vum Déier fonnt. Zwee weider Geessebéck, déi och am Stall waren, géinge sech elo opfälleg verhalen.

Mir hu mam Mann vun der Fra geschwat. De Jeannot Schmitz huet eis erkläert, datt et sech bei den Déieren ëm Walliser Schwaarzhalsgeessen handelt. Dës gehéieren der Koppel a gi fir pedagogesch Zwecker vum Mierscher Lycée Ermesinde genotzt. Esou sollen d’Schüler zum Beispill léieren, wéi ee Stall ausgemëscht gëtt. Zur Offer gehéieren och Beien, mat deenen hirer Hëllef Hunneg gemaach gëtt. Dem Geessebock goufen net just de Kapp an d’Been erofgeschnidden, mee och d’Innereien erausgeholl an de Pelz erofgezunn. Dono gouf d’Déier u Seeler am Stall opgehaangen an ausbludde gelooss, esou de Jeannot Schmitz. Dem Mann no kann een dowéinst ganz kloer dervu schwätzen, datt et geschluecht gouf.

“Et waren der, déi wossten, wat se maachen.”

Well de Stall net mam Auto accessibel ass, geet de Besëtzer dervun aus, datt méi Täter um Wierk waren, fir eng Persoun eleng wier et nämlech schwiereg gewiescht, de Kierper ze transportéieren. Hien hätt keng Iddi, wien d’Täter kéinte sinn. D’Police gouf ageschalt a Beamte waren um Donneschdeg de Moien op der Plaz. Och d’Spueresécherung war am Asaz. Vun der Police ass et dann den Opruff, datt Leit, déi eppes Verdächteges gesinn hunn, sech beim Commissariat vu Miersch melle sollen.

Back to Top
CIM LOGO