
Esou een europäeschen Zenter fir d’Konsumente gëtt et zënter iwwer engem Véierelsjoerhonnert och hei am Land. Ville Leit ass deen CEC kee Begrëff.
Et wier awer net vu Muttwëll deen Zenter ze kennen, besonnesch hei bei eis, an engem oppene Land, seet och d’Ministesch fir Konsumenteschutz Martine Hansen
“Hei zu Lëtzebuerg ass et speziell wichteg, dass mir deen europäesche Konsumenteschutz hunn, well eis Leit hei zu Lëtzebuerg, déi sinn definitiv mobil, op dat am Digitalen ass oder um physesche Wee: mir sinn grenziwwerschreidend. an dowéinst ass et wichteg, das mir hei grenziwwerschreidend Problemer direkt kënne léisen”
Den neien Direkter Thomas Segrétain, ee Jurist, deen och fir d’EU-Kommissioun geschafft huet, bréngt déi grenziwwerschreidend Erfarung mat.
Sënn an Zweck vum Centre européen des Consommateurs kann ee mat e puer konkrete Beispiller erklären.
Arnaquen beim Timesharing vu Vakanze-Logementer, den e-commerce oder den Handel via sozial Medien, D’Rechter vun de Fluchpassagéier oder nach déi iwwerdeiert Roamingkäschten. Alles dat sinn Dossieren, bei deenen de CEC mat bewierkt huet, dass déi Sujeten op EU-Niveau méi kloer a streng Reegele kruten, am Sënn vum Konsument. Rezent Beispill waren nach déi sëllege Passagéier, déi blockéiert waren, wéinst enger technescher Pann um Findel, oder well et ee Lach an der Pist gouf.
Mat der Digitalisatioun, der kënschtlecher Intelligenz an dem Volet Nohaltegkeet ginn d’Defien fir den CEC ëmmer méi grouss, well besonnesch de Konsument um Enn vun all deenen Transitioune betraff ass.
Tëscht Januar a September huet den CEC sech schonn mat bal 3.400 Fäll befaasst an dierft dëst Joer fir Konsumente ronn eng Millioun Euro recuperéieren
D’Assistance ass iwweregens gratis.
Detailer fann Dir op cecluxembourg.lu