KonstruktiounsfirmaEtienne Schneider gëtt President vum Verwaltungsrot vu LUX TP

RTL Lëtzebuerg
De fréiere Wirtschaftsminister a Vize-Premier Etienne Schneider kritt eng weider Charge an der Lëtzebuerger Ekonomie.

Den LSAP-Politiker leet an Zukunft de Verwaltungsrot vun der Konstruktiounsfirma LUX TP. Op där Plaz léist hien de Jean Cazzaro of.

LUX TP beschäftegt eegenen Donnéeën no iwwer 300 Leit a gouf 1973 gegrënnt.

D'Firma gehéiert dem belsche BESIX-Konstruktiounsgrupp, wou den Etienne Schneider och ewell zanter zejoert Member am CA ass.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO