A ronn engem JoerEttelbréck kritt eng nei Maison médicale

Roy Grotz
Déi Informatioune liwwert d'Gesondheetsministesch, déi op eng parlamentaresch Fro vum DP-Norddeputéierten André Bauler äntwert.

Den Norde kritt zu Ettelbréck eng komplett nei Maison médicale, déi am Agang vun der Patton-Stad an engem Neibau op 700 Meter Carré amenagéiert gëtt.

Sou wéi et och an der Minetter Maison Médicale de Fall ass, wäerten et véier Consultatiounsraim fir Generaliste ginn, déi an der Woch vun 20 Auer owes bis Hallefnuecht an op Weekender a Feierdeeg tëscht moies 8 an Hallefnuecht op sinn.

Déi nei medezinesch Struktur soll an engem gudde Joer hir Dieren zu Ettelbréck opmaachen a plënnert dann aus engem Eefamilljenhaus an der Avenue Salentiny an déi komplett nei Raimlechkeeten.

LINK: Fannt hei déi aktuell parlamentarech Fro an d’Äntwerten

Back to Top
CIM LOGO