
Hien huet do eng Ried gehalen, an där hien ënnert anerem ënnerstrach huet, datt d’Geschicht net just geschitt ass, mä gemaach gouf.
An an deem Sënn misst ee sech och ëm d’Zukunft këmmeren, fënnt de Premier:
“D’Zukunft geschitt net just, mir loosse se geschéien an elo ass et un eis, fir ze handelen. Dat ass eng Erausfuerderung fir Iech, fir mech a fir all europäesche Bierger. Ze handelen, ze woen a couragéiert ze sinn.”
Zu enger besserer Zukunft gehéiert fir de Luc Frieden zum Beispill eng europäesch Arméi.
“Déi inakzeptabel Attack vu Russland op d’Ukrain war en Alarmsignal. Fridden an de Respekt vun de Prinzippien aus der Charta vun de Vereenten Natioune kënnen net als selbstverständlech geholl ginn.”
De Luc Frieden huet awer och dofir plädéiert, datt Europa elo an an Zukunft mat enger eenzeger Stëmm schwätzt.
“An deem Kontext sinn ech dovunner iwwerzeegt, datt d’Europäesch Unioun als wichtege geopoliteschen Acteur en eegene permanente Sëtz am UNO-Sécherheetsrot soll hunn.”
De Luc Frieden ass dovunner iwwerzeegt, datt kee Land sech eleng verdeedege kann, datt kee Land eleng mat der Migratioun fäerdeg gëtt, kompetitiv ka sinn oder d’Energietransitioun hikritt. D’Äntwert dierft net manner, mä méi Europa sinn.