Fernand Kartheiser vun der ADR am Interview"Europa kann déi momentan Asylpolitik laangfristeg net packen"

David Winter
De Spëtzekandidat vun der ADR, de Fernand Kartheiser, war Invité am Kader vun den Europawalen am Format "5 Froen un".
5 Froen un de Fernand Kartheiser vun der ADR
De Spëtzekandidat vun der ADR, de Fernand Kartheiser, war Invitée am Kader vun den Europawalen am Format “5 Froen un”.

Fir den ADR-Politiker geet d’EU am Moment ëmmer méi a Richtung vun engem federale Staat, d’Kommissioun géif quasi wéi d’“Regierung vun Europa” optrieden. De Fernand Kartheiser schléit hei vir, virun allem dem Ministerrot méi Muecht ze ginn, d’Kommissioun dogéint sollt éischter eng “Administratioun am Déngscht vun de Memberstaate” sinn.

Fir d’Eestëmmegkeet op EU-Niveau, dat am Interessi vu Lëtzebuerg

Wichteg Decisiounen der Majoritéit an der EU z’iwwerloossen an d’Eestëmmegkeet falen ze loossen, wier dem Fernand Kartheiser no net nëmme prinzipiell falsch, ma kann och Lëtzebuerg op Dauer schueden: “An der Steierpolitik ass et ganz einfach esou, datt jo e groussen Deel vun eisem Bruttoinlandprodukt, e groussen Deel vun den Aarbechtsplazen hei am Land ganz einfach vun der Finanzplaz an deene Servicer ronderëm ofhänken.” An anere Wierder, wier d’Eestëmmegkeet en Atout fir de Grand-Duché a géif déi national Ekonomie bei engem Ewechfale a Gefor bréngen.

Op d’Asylpolitik ugeschwat, wëll een eng illegal Immigratioun aus ekonomesche Grënn verhënneren. Asylpolitik a Schutz vun dëse Leit wier kloer wichteg, ma nëmme sou laang dës Leit dat och brauchen. Jiddereen an Europa opzehuelen, dee wëll heihinner kommen, géif d’EU net paken. Majo all Mënsch huet d’Recht op eng fair Prozedur an eng mënschlech Behandlung: “An dat ass e wichtegen Aspekt, och an engem Kontext, wou mer iwwer Leit a Séinout schwätzen oder iwwer Lager, déi gemaach ginn, also d’Dignitéit vun de Mënschen ass eis ganz wichteg.”

Sanktiounspolitik géint Russland - E sënnlose Prozess?

D’Sanktiounspolitik géint Russland hätt hir Ziler net erreecht, beim ADR géif een dohier éischter op Verhandlunge setzen. Weder wier Russland ekonomesch oder militäresch geschwächt ginn, nach hätt een eng Destabiliséierung vun der Regierung erreecht. “Mir ëmginn selwer déi Sanktiounen, doduerch datt mer russesche Gas am Aserbaidschan kafen, raffinéiert Pëtrolsproduiten an Indien an eis alimentéieren mat Gas iwwer eng ‘Shadow-Fleet’, wéi dat heescht, mat LNG, déi dann an de Mierer operéieren.” Dëst wier net nëmmen eng hypokritesch a sënnlos Politik, ma géif och der Lëtzebuerger Ekonomie schueden. Wier éischter gehandelt ginn, hätt d’Ukrain besser Aussiichte, wéi am Moment.

Op d’Lëtzebuerger Sprooch ugeschwat, fuerdert d’ADR eng Unerkennung op EU-Niveau, also en offizielle Statut. Et géif ënnert anerem och eng Decisioun vum Europäesche Parlament ginn, déi virgesäit, dass all Deputéierte sech a senger Mammesprooch dierft ausdrécken. D’Sprooch misst gestäerkt ginn op EU-Niveau, sou wäit dat och rechtlech méiglech wier: “Mir sinn net déi, déi verlaangen, datt alles muss iwwersat ginn. Mee mir hätten awer gär, datt valoriséiert gëtt, dat wat mir zum europäesche kulturelle Mosaik kënne bäidroen.”

LINK: All d’Episode vum “5 Froen un” fannt Dir um RTL Play

Back to Top
CIM LOGO