Et ass e Programm, dee kaum uneckt. A bei de Kandidaten ass och fir jiddereen eppes derbäi. Eleng de Spëtzenduo mat der 28 Joer jonker Enseignante vun Esch, d’Amela Skenderović, an dem 72 Joer ale Schierener Europadeputéierten, Charles Goerens, schéngt sech ideal z’ergänzen. Dorop gouf wuel och beim Rescht vun der Lëscht grousse Wäert geluecht, wéi d’Amela Skenderović erkläert. “Et ass eng ganz divers Ekipp, déi déi verschiddenst Altersgruppen, Beruffsstänn, Hannergrënn - kulturell wéi och ethnesch - duerstellt. An et ass fir mech e Pleséier an där Grupp kënnen ze schaffen.”
Dem Charles Goerens no hätten déi sëllege Krisen iwwert déi lescht Jore gewisen, dass Europa sech intern nach besser muss organiséieren. Grad och, wann nach weider Länner sollen an d’EU erakommen. Et wier absurd, wann déi 10 Kandidate-Länner op eemol prett wieren an déi Europäesch Unioun net.
“Wat d’Europäesch Unioun muss maachen, ass hir Funktiounsweis änneren. Mir brauchen e Leadership an der Aussepolitik. Mir brauchen e Leadership an der Defense-Politik, besonnesch wann den Trump géing d’Wale gewannen a mir géifen eleng gelooss ginn an der Nato. Mir brauchen och e Leadership, wat eis Positioun am internationalen Handel ubelaangt.”
Déi Liberal presentéiere sech als pro-europäesch Partei, déi Probleemer wëll léisen an Zukunftschancë verbesseren. A grad dës Chancë verbënnt d’Amela Skenderović ganz besonnesch mat Europa.
“Meng Eltere sinn heihinner komm wéinst engem Krich. An ech hat déi grouss Méiglechkeet an engem fräien, an engem staarken Europa opzewuessen. Ech konnt iwwerall e bësse studéieren. Ech konnt lauter Sprooche léieren. Ech konnt hin an hier reesen. An dat ass nëmmen da méiglech, wa mir weiderhin eis fir e staarkt a fräit Europa asetzen.”