Et hat sech ugedeitEuropäesch Zentralbank entzitt der Bank Havilland den Agrément

RTL Lëtzebuerg
Et hat sech annoncéiert. D'Europäesch Zentralbank huet der Bank Havilland SA en Donneschdeg den Agrément ewechgeholl.
© RTL

Op Lëtzebuerger Säit huet d’CSSF, Surveillance-Kommissioun vum Finanzsecteur, déi néideg Demarchen an d’Weeër geleet an eng sougenannt “requête en sursis de paiement” beim Stater Bezierksgeriicht agereecht.

D’Bank Havilland S.A. ass eng honnertprozenteg Duechtergesellschaft vum Grupp Havilland an huet aktuell zwou Filialen zu Monaco an a Liechtenstein. D’Bank selwer huet op hirem Site annoncéiert, datt ee Recours géing aleeë géint d’Decisioun vun der EZB.

D’Bank kann nach Recours a leeën. D’Bank Havilland war an der Lescht ëmmer nees negativ an d’Schlagzeile geroden, wéinst dubiéiser Gouvernance an zweifelhafte Geschäftsrelatiounen. Zu Lëtzebuerg schaffen eng 130 Leit bei der Bank Havilland.

Back to Top
CIM LOGO