Lëtzebuerg iwwerhëlt vum 14. November u fir sechs Méint d’Presidence vun der éischter an eelster europäescher Organisatioun: dem Europarot. Méi genee presidéiert de Xavier Bettel dann de Ministercomité, an deem d’Ausseministere vun de 46 Memberlänner siegéieren.
An der Virbereedung vun der Presidence war en Donneschdeg de Generalsekretär vum Conseil de l‘Europe Alain Berset op Visitt hei am Grand-Duché.
Wärend de sechs Méint wëll Lëtzebuerg sech op dräi Prioritéite konzentréieren.
Déi éischt Prioritéit läit e bëssen op der Hand, wann ee bedenkt, dass d‘Iddi vun den 10 Grënner vum Europarot war, eng Institutioun ze schafen, déi fir d‘Mënscherechter an d‘Rechtsstaatlechkeet asteet. Den Ausseminister Xavier Bettel:
“Mir gesinn an deem Conseil, an deem et jo och eng Cour européenne des droits de l‘homme gëtt, dass eng Rëtsch Länner iwwerhaapt d‘Urteeler, déi vun deem Geriicht decidéiert ginn, net respektéieren. Dat ass e Problem. Mir mussen intern driwwer diskutéieren, wéi d‘Rechtsstaatlechkeet bei de Membere funktionéiert.”
Zweet Prioritéit: d‘Zesummeliewen. Länner déi sech - wéi zum Beispill Armenien an Aserbaidschan - an den Hoer hunn, nees zesummen un den Dësch bréngen. Dat ass d‘Iddi vum Lëtzebuerger Chefdiplomat. Drëttens wëll d‘Lëtzebuerger Presidence d‘Diversitéit vun de Leit stäerken an Haass bekämpfen. E verstäerkte kulturellen Echange tëscht de 46 Memberlänner also. An deem Sënn ass de Logo inspiréiert un enger Skulptur vum Lëtzebuerger Kënschtler Lucien Wercollier. Och dëse Choix huet e Bezuch zu de Mënscherechter, erkläert de Xavier Bettel:
“E Kënschtler dee selwer an zwee Konzentratiounslager war. An iwwerlieft huet. De Lucien Wercollier hat refuséiert engem groussen Noper Recht ze ginn. Dat fannen ech e staarkt Zeechen.”
Fir den Alain Berset ass et e staarkt Zeechen, dass Lëtzebuerg als Grënnungsmember vum Conseil de l‘Europe elo d‘Presidence an engem kruziale Moment fir Europa iwwerhëlt. Europa hätt et mat multipele Krisen ze dinn. Dass geschwënn e Land den Europarot presidéiert, dat sech an der Institutioun zu all Ament engagéiert gewisen hätt, wär nëmmen ze begréissen, esou de Generalsekretär. Laangfristeg Prioritéiten si gemeinsam Reegele fir d‘kënschtlech Intelligenz an d‘Ëmwelt, huet den Alain Berset erkläert. Den Europarot feiert dëst Joer 75. Anniversaire.
Lëtzebuerg iwwerhëlt d’Presidence vum Europarot - Wat ass der Institutioun hir Roll?