De Klimawandel wär definitiv an Europa an och an eise Regiounen ukomm. D’Temperature vun de Mierer klammen. D’Loft gëtt méi waarm an domadder klëmmt och d’Fiichtegkeet an der Loft.
De Mieresspigel klëmmt a Gletscher schmëlzen. D’Iwwerschwemmungen déi leschte Joren hei zu Lëtzebuerg wären och e Phänomen vum Klimawandel.
Wann näischt Fundamentales changéiert, kéim et ëmmer méi zu Iwwerschwemmungen a Naturkatastrophen, wéi mir se elo déi leschten Deeg a Spuenien erlieft hunn.