RéckruffFäerdeg Plate vun der Mark Colruyt kéinte metalle Friemkierper enthalen

RTL Lëtzebuerg
D'Plate goufen zu Lëtzebuerg duerch Colruyt verkaaft.
© RTL-Grafik

D’Veterinärs- a Liewensmëttelverwaltung huet e Samschdeg e Réckruff fir verschidde fäerdeg Plate vun der Mark Colruyt erausginn. Dës kéinte metalle Friemkierper enthalen.

Betraff sinn: Gromperepüree 500 g, Spinat Gorgonzola Püree 715 g, Chicon Gehacktes 800 g, Spinat Gorgonzola Gehacktes 800 g a Choufleur Gehacktes 800 g.

De Verbrauchsdatum: vum 08/11/2024 bis de 15/11/2024 inclus
De Verkafszäitraum: vum 4/11/2024 bis den 8/11/2024 inclus
D’Nummere vun de Platen: 12676, 32081, 02504, 08434 et 32066

Weider Detailer ginn et um Internetsite lu-alert.lu.

Back to Top
CIM LOGO