
Mat der Firma “MaçonLux” ass no 26 Joer eng wieder Konstruktiounsfirma faillite gaangen. Dat mellt Virgule. 90 Leit hätten domat hier Aarbecht verluer.
Den OGBL hätt Rendezvous mat de Betraffenen, fir d’Ausbezuele vun hire Salairen anzefuerderen a sech bei der Adem anzeschreiwen.
De Robert Formieri vum LCGB konnt d’Faillite de Sonndeg Moien am RTL-Interview confirméieren. Fir hie koum déi Annonce awer net iwwerraschend. Et hätt ee scho méi laang vu Mëssstänn bannent der Entreprise gewosst a vu Leit, déi gekënnegt hu fir op eng aner Plaz.
Appelléiert waren d’Gewerkschaften awer och, well de Patron am Kader vun de Sozialwale refuséiert hat, d’Kandidature fir d’Personaldelegatioun unzehuelen, wat carrement géint d’Gesetz verstouss hätt.
Dernieft hätt de Patron villen Salariéë Licenciementer proposéiert, déi net datéiert gewiescht wieren, fir keng Preavise mussen ze bezuelen, wat och illegal wier, an doropshin wieren d’Gewerkschaften aktiv ginn.
Den LCGB probéiert elo natierlech zesumme mam OGBL, fir sech ëm déi betraffe Salariéen ze këmmeren, dass se sou séier wéi méiglech eng nei Plaz fannen.
Genee dat ass an engem ganz schwieregen Aarbechtsmarché awer net einfach.
Et géif zwar oppe Plaze ginn an eenzeler wäerten och ënner Daach kommen, mä fir anerer wäert et schwéier ginn.
Virun allem well den LCGB vu weidere Faillitten am Secteur wéisst, déi sech annoncéieren. 2-3 Firme mat manner Leit wieren uerg an de Laberenten, konnt de Robert Fornieri confirméieren.
Trotz staatlechen Hëllefen géif et deemno bei enger ganz ugespaanter Situatioun am Secteur bleiwen. Eréischt Ufank vum Mount war jo och d’Faillitte vu Carvalho Constructions bekannt ginn.