Fairen HandelFairtrade Lëtzebuerg begréisst dat historescht Urteel géint Chiquita

Monique Kater
An engem Prozess, dee 17 Joer gedauert huet, huet am Juni e Geriicht a Florida en historescht Urteel géint de Banannekonzern Chiquita geschwat.
Fairtrade Lëtzebuerg begréisst dat historescht Urteel géint Chiquita
An engem Prozess, dee 17 Joer gedauert huet, huet am Juni e Geriicht a Florida en historescht Urteel géint de Banannekonzern Chiquita geschwat.

De Banannekonzern Chiquita gouf verurteelt, well e vun 1997 bis 2004 a Kolumbien e paramiltäresche Grupp mat 1,7 Milliounen Dollar finanzéiert huet; déi sougenannt Doudesschwadroun huet Aarbechter, déi op de Plantagen a Kolumbien geschafft hunn, ëmbruecht. Dëst Urteel confirméiert elo den extreme Verstouss vun Chiquita géint d’Mënscherechter.

Fir de Konsument ass dat alles awer wäit ewech; “mir kafe béides, egal ob kromm oder riicht, mee léiwer därer, déi manner séier faulen”, soe se zu Dikrech a mengen d’Chiquita. An awer deet et si nodenken, wa se gewuer ginn, dass de Konzern d’Baueren ausnotzt.

Anerer kafen aus Prinzip Fair Trade-Banannen, well se wëssen, wat “fairen Handel” bedeit. Garantéiert Präisser, keng Kanneraarbecht a keen Asaz vu schiedleche Pestiziden – dofir steet de Fair Trade-Label. Op där anerer Säit: Déi multinational Konzerner. De President vu Fair Trade Lëtzebuerg, de Jean-Louis Zeien, schwätzt vun engem historeschen Uerteel!

Mat Mafiamethoden an 1,7 Milliounen Dollar géint d’Baueren

Dass si a Kolumbien op der Plantage doutgemaach ginn, wa se net no de Reegele vum Banannekonzern spillen, hunn déi Baueren mat Sécherheet net verdéngt! Doudeskommandoe bezuelt vun Chiquita – jo, dat stëmmt, sot d’Geriicht. A jo, domadder gëtt et elo endlech en Uerteel, dat esou Konzerner d’Handwierk ka leeën, seet de President an d’Gesiicht vu Fairtrade Lëtzebuerg, Jean-Louis Zeien.

Chiquita finanzéiert Terroristen

Et géing virun allem d’Finanzéierung a Kolumbien vu paramilitäreschen Doudesschwadrounen, déi als Terrororganisatioun agestuuft sinn an déi Chiquita finanzéiert hätt, seet hien a begréisst et, dass de Konzern den 8 concernéierte Famillje 38 Milliounen Dollar muss bezuelen. Dat wier en Zeechen an dat géif weisen, dass weltwäit keen dierft géint Mënscherechter dierft verstoussen. Scho guer net fir Profit draus ze schloen.

Message vu Fair Trade Lëtzebuerg : D’Regierung soll d’Liwwerkettegesetz net an dëser Form acceptéieren
Mat Kompetitivitéit hätt esou eppes näischt méi ze dinn; an d’Direktiv iwwer d’Liwwerkettegesetz dierft net tel quel ugeholl ginn – och net vun der Lëtzebuerger Regierung.

Hei de Message vu Fair Trade Lëtzebuerg, am Kader vum Chiquita-Urteel:

Et wier een nach ëmmer schockéiert, wann ee geséich. dass et Konsumente gëtt, deenen dat Ganzt egal ass. Hei wier nämlech jiddweree responsabel : de Produzent, de Verdreiwer, de Konsument an op alle Fall och d’Regierungen.

Back to Top
CIM LOGO