An der Stad gëtt e Samschdeg um Virowend vun Nationalfeierdag wéi gewinnt kräfteg gefeiert, mat engem spezielle Programm mat vill Musek, Fakelzuch a Freedefeier. Et ass e grousst Volleksfest fir d’Lëtzebuerger Residenten, deen awer och ëmmer nees vill Touriste begeeschtert.
Vun 18 Auer u konnt een op verschiddene Plazen uechter d’Stad Concerten an DJ-Sets kucke goen. Ëm 21 Auer huet sech dann och de Fakelzuch a Beweegung gesat, wou et duerch d’Groussgaass, duerch d’Rue du Fossé bis bei de Knuedler goung.
Den Ofschloss vun den offizielle Festivitéiten um Virowend huet um 23 Auer dat grousst Freedefeier iwwert der Neier Bréck gemaach, dat eng 17 Minutte gedauert huet. Dëst Joer war d’Freedefeier musikalesch begleet vun enger Kompositioun vum Pol Belardi, zesumme mam Jérôme Klein an Niels Engel.
Responsabel fir den traditionelle Liichtspektakel war op en Neits de Jo André an dat antëscht scho fir déi 36. Kéier.
Dono gouf jo nees wéi gewinnt an d’fräi Nuecht eragefeiert. Iwwerall an der Stad hat een eng sëllegen Offeren an op der Plëss goufen et flott Concerte vun nationalen an och internationale Museksgruppen.