Mobbing ass a munchen Entreprisen en alldeeglecht Mëttel, fir onbeléifte Mataarbechter lasszeginn. Eng rezent Etüd vun der internationaler Aarbechtsorganisatioun weist: weltwäit gëtt all fënnefte Salarié Affer vun Harcèlement.
De Marco Boly, Direkter vun der ITM:
“Et muss een och soen: et ass eng aner Sensibilitéit an der Gesellschaft, déi par Rapport zu deem Thema existéiert. Mat all deene Campagnen, déi et net nëmmen hei zu Lëtzebuerg, mee och weltwäit gouf. D’Leit si méi sensibel bei deem Thema. Mir kennen natierlech just déi Saachen evaluéieren, déi bei eis erugedroe ginn.”
D’ITM, also d’Inspection de Travail, ass zanter engem Gesetz vun 2023 domat beoptraagt, Mobbingfäll, déi net intern an Entreprisë gekläert kenne ginn, ze enquêtéieren. Zanterhier sinn 185 Plaintë bei der Inspektioun agaangen. Hei goufen 145 Enquêten opgemaach. 37 Plainten haten net genuch Fakten, fir Harcelement nozeweisen. 74 Enquête konnte clôturéiert ginn. 10 Fäll ware méi pertinent – do huet d’ITM missen an de Betrib goen. Eng Affär gouf un de Parquet iwwermëttelt.
D’Gesetz verbitt den Harcèlement op der Aarbecht a verlaangt eng intern Prozedur am Haus, fir dës Fäll ze léisen. Ma dat ass net ëmmer esou einfach, seet de Christian Bos vun der IEDRS, déi eng nei Formatioun fir d’Vermëttele bei Mobbingfäll ubitt:
“Il y a des éléments factuels et des évenements concordants. Les évenements concordants, c’est par example l’atmosphère qu’on peut avoir dans une entreprise. Et ça c’est très diffice à déterminer, donc il faut vraiment professionaliser ce métier.”
Professionaliséiere mat enger neier Formatioun fir Médiateur-Enquêteur am Beräich vum Mobbing. Dës gouf dës Woch an der Chambre des Métiers presentéiert. An 203 Stonnen iwwer 5 Méint solle Leit, Interner aus Entreprisen, awer och extern Acteuren, ausgebilt ginn, fir an aller Neutralitéit an Onparteilechkeet iwwer Virwërf vun Harcèlement an de Betriber ze enquêtéieren.
Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet d’Initiativ begréisst. D’Mobbing-Gesetz vun 2023 wëll hien zesumme mat der zoustänneger Chamberkommissioun ënnert d’Lupp huelen, sou ewéi eng Motioun et viru bal zwee Joer och virgesinn huet:
“Et ass elo u mir an u menger Ekipp ze kucken, wéi wäit mer kenne goen. Wou mer nach eventuell kënne Changementer maachen, fir nach méi aktuell ze sinn. Well dat doten Thema ass a konstanter Evolutioun. Dat kann net eng kéier 2023 festgesat ginn an dann 10 Joer gutt gelooss ginn.”
Ëmfroen no hätt Lëtzebuerg den zweethéchsten Taux vu Mobbingfäll an der EU.