Dëst Joer bis ewell 13 AffärenFäll vu sougenanntem Presidentebedruch hunn zougeholl

RTL Lëtzebuerg
Dat geet aus Chifferen ervir, déi d'Ministere Gilles Roth an Elisabeth Margue an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun deene Grénge liwweren.
© Envato

Dëst Joer war de Stater Parquet bis den 11. November mat 13 Affäre vum sougenannte Presidentebedruch befaasst. Zejoert gouf et 12 esou Affären um Geriicht. An de véier Jore virdru waren d’Geriichter quasi guer net domadder befaasst. D’Justizministesch an de Finanzminister erkläre sech dës Entwécklung domadder, datt Onéierlecher via Internet an Opensource-Plattforme ganz einfach un Informatiounen iwwer Betriber an hir Mataarbechter kommen an duerch déi performant technologesch Moyenen, fir d’Leit eranzeleeën.

Ma och an der Vergaangenheet war de Presidententrick scho méi verbreet hei am Land. 2014 beispillsweis goufen 30 Dossiere gezielt. Déi Zuel wier duerch Sensibiliséierungscampagnen a Formatiounen zeréckgaangen. Dozou, a wéi vill Fäll d’Responsabilitéit vun de Banken opgeworf gouf, hunn d’Ministere keng Informatiounen.

Fannt hei déi parlamentaresch Fro N°1405 an déi entspriechend Äntwert op dës am Detail
(07.08.24) Aktivitéitsrapport vun der Justiz: Cyberkriminalitéit zu Lëtzebuerg klëmmt, virun allem méi “Presidente-Bedruch”

Back to Top
CIM LOGO