Cyberkriminalitéit zu Lëtzebuerg klëmmt, virun allem méi "Presidente-Bedruch"

© Image Envato Koldunov
Cyberkriminalitéit huet an de leschte 5 Joer zu Lëtzebuerg däitlech zougeholl. Dat geet aus dem neisten Aktivitéitsrapport vun der Justiz ervir.
"Presidente-Bedruch"
Spezifesch och beim sougenannte "Presidente-Bedruch", deem de Parquet bekanntlech den Ament an der Caritas-Affär nogeet, gouf et zejoert eng Progressioun hei am Land. Gouf et soss eng oder zwou där Affären, waren de Parquet aus der Stad an zu Dikrech d'lescht Joer mat 11 Fäll vum sougenannte "Presidente-Bedruch" befaasst. An deem Fall gi sech Onéierlecher via Telefon oder E-mail als e Responsabele vun enger Firma oder, wéi am Fall vun der Caritas vun der Asbl, aus a probéieren esou via e Mataarbechter u Suen ze kommen.
Hausse bei der Cyberkriminalitéit
Alles an allem hunn déi zwee Parqueten d'lescht Joer 3.700 Fäll vu Cyberkriminalitéit traitéiert. Bedruchsfäll um Internet, respektiv mat der Kreditkaart, si mat Ofstand am heefegste virum sougenannte Phishing. Vu Phishing schwätzt een dann, wa Gauner probéieren, mat gefälschten E-mailen, Internetsitten oder Messagen u sensibel Donnéeën ze kommen.
En Dënschdeg hat de Parquet offiziell matgedeelt, et géif een am Fall vum Detournement an Héicht vun 61 Milliounen Euro bei der Caritas aller Viraussiicht no vu "Presidente-Bedruch" ausgoen. Och den Affekot vun der Haaptbeschëllegter argumentéiert, seng Mandantin wier Affer vun engem Trick ginn an hätt selwer "kee Cent" kritt. D'Instruktioun an der Affär Caritas ass nach net ofgeschloss.
"Presidenten-Trick" beim Fonds du Logement
Zwar koum den Term "Presidente-Bedruch" duerch d'Affär Caritas erëm rezent op, ma 2018-2019 war de Fonds du Logement schonn Affer vun esou enger Cyber-Arnaque ginn. Deemools hat den ëffentleche Bauträger zwee Virementen op e Konto a Polen gemaach. Déi Onéierlech hate sech als eng Lëtzebuerger Baufirma ausginn. Den Trick war opgeflunn, wéi déi richteg Firma de Fonds du Logement gefrot hat, wou d'Sue wieren. Vun den 800.000 Euro, déi geklaut goufen, konnten der ronn 500.000 blockéiert ginn.