
En aktuelle Versuch, mat deenen och eis Redaktioun carrement bombardéiert gëtt, huet den Token vu Luxtrust an d’Viséier geholl.
Hei ginn d’"Clientë” gewarnt, datt hiert Zertifikat vum Luxtrust an zwee Deeg ausleeft an opgefuerdert, et esou séier wéi méiglech z’erneieren, fir weider d’Servicer vu Luxtrust ze notzen.
Dono kritt een an der Mail e Link ugewisen, op deen ee klicke soll, fir dëst ze maachen. De Link selwer imitéiert eng Luxtrust-Adress, et gëtt een awer op eng Säit, déi sech “lightspeedca.net” nennt, weidergeleet.
Fir den Drock nach z’erhéijen, steet an der Mail, déi vun enger Mailadress vu “support@lightspeedca.net” geschéckt gouf, nach eng Kéier, datt, sollt een de Zertifikat net erneieren, datt een dann de Luxtrust op kenger dofir virgesinner Plattform méi notze kann.

Bei esou Maile soll een evitéieren, fir op de Link ze klicken. Luxtrust selwer warnt op hirem Internetsite virun esou Mailen a gëtt am Fall vun engem Doute un, si per Telefon op +352 24 550 550 oder per Mail op questions@luxtrust.lu ze kontaktéieren.