
E Freideg am Laf vum Mëtteg krut d’RTL-Redaktioun eng Partie esou Mailen.
Wann een den Zertifikat net bannent 3 Deeg erneiere géif, kéint ee keng Sue méi iwwerweisen a seng Rechnungen net méi bezuelen, heescht et weider am Mail.
Et gëtt een dozou opgefuerdert, säin Zertifikat ze erneieren. Dofir muss een op e Link klicken an eng Partie Donnéeën aginn. Heibäi handelt et sech ëm e Versuch vu Phising, mat deem versicht gëtt, un d’Donnéeë vu Persounen ze kommen.
Wien esou e Mail kritt, soll dësen also läschen an net op de Link an der Mail klicken.
De Steve Müller vu Bee Secure erkläert am Interview, wat Phishing genee ass, wéi ee sech schütze kann a wéi ee sech verhale soll, wann een op eng Phishing-Arnaque eragefall ass.