OpgepasstFalschen "lux-Airport"-Account verkeeft Gepäck op Facebook

RTL Lëtzebuerg
E falschen Account probéiert sech aktuell als lux-Airport auszeginn an nennt sech "Luxembourg Findel Airport".

Op hirem Facebook-Profil behaapte si, si géinge verluerent Gepäck ze verkafen. Fir all Bagage soll een nëmmen dräi Euro bezuelen, duerno géing een et heemgeliwwert kréien.

Lux-Airport deelt mat, datt dësen Account net vun hinnen ass, an datt si och kee Gepäck verkafen, dat verluer gaangen ass. Deemno soll een net op de Link klicken a keng Sue bezuelen.

Back to Top
CIM LOGO