Trauer zu WuermerFamill a Frënn hunn dem Max Hengel Äddi gesot

Pit Everling
Fanny Kinsch
E Freideg ëm 15 Auer war de Läichendéngscht fir de verstuerwenen Deputé-Maire zu Wuermer an der Kierch.
Famill a Frënn huelen Abschid vum Max Hengel
E Freideg um 15 Auer huet de Gottesdéngscht fir de verstuerwenen Deputé-Maire zu Wuermer an der Kierch ugefaangen.

Virun zwou Wochen huet d’Noriicht vum Doud vum Max Hengel d’Lëtzebuerger Politikwelt déif getraff. E Freideg krut den CSV-Deputéierten a Buergermeeschter vu Wuermer a senger Gemeng Äddi gesot.

D’Begriefnis vum Max Hengel / Pit Everling

D’Kierch zu Wuermer war däitlech ze kleng. Méi ewéi 500 Leit hu banne respektiv baussen op engem Ecran de Gottesdéngscht suivéiert, dee vu musikaleschen Elementer a vun der Chorale begleet gouf. Wärend der Zeremonie hu vill verschidde Riedner un den Deputéierten, Buergermeeschter, Kolleeg, Frënd a Familljemember Max Hengel erënnert.

Gouf eng Kaz op der Musel geschleeft, de Max Hengel war derbäi, war frou mat de Leit, hëllefsbereet, engagéiert, fair a bis zu Lescht optimistesch. Ënner anerem esou gouf de Max Hengel beschriwwen, deen an de leschte Joren d’Miseler Regioun markéiert huet ewéi wéineg anerer.

Och aus der nationaler Politik waren eng sëllege Leit present. Ënner anerem den CSV-Chamberpresident Claude Wiseler huet de Politiker a Frënd Max Hengel gewierdegt, deen engem ëmmer déi éierlech Meenung gesot hätt, mam Zil ze hëllefen.

Nom Gottesdéngscht war jiddereen op e Patt an de Wuermer Centre Culturel invitéiert. Mat Fotoe gouf un d’Liewe vum Max Hengel erënnert.

De Max Hengel krut just 47 Joer.

Back to Top
CIM LOGO