"Take care of the memory"Famill Patton zu Gaascht bei der Commemoratioun fir d'Befreiung vun Ettelbréck

Jeannot Ries
A Presenz vum Benjamin Patton, dem Enkel vum Generol George S. Patton, gouf dëse Weekend un déi duebel Befreiung vun Ettelbréck virun 80 Joer erënnert.
"Take care of the memory"
Famill Patton zu Gaascht bei der Commemoratioun fir d’Befreiung vun Ettelbréck

No 4 Joer a 4 Méint däitsch Besatzung si moies, den 11. September 1944, éischt amerikanesch Panzer vu Schieren eriwwer an Ettelbréck eragefuer. Well d’"Preisen” den Dag virdrun d’Bréck iwwer d’Uelzecht nach gesprengt haten, huet de Vikar Flies se iwwer d’Eisebunnsbréck bei “Stackels” geleet.

Evenementer, un déi dëse Weekend an der Patton-Stad erënnert goufen. Dat a Presenz vum Benjamin Patton, deen net fir d’éischt zu Lëtzebuerg ass. Den Enkel vum Generol erënnert sech u seng éischt Rees an onst Land:

“Ech war deemools esou just e klengen ongezillte Bouf. Mir goufe geléiert, mengem Grousspapp seng Ierfschaft ze respektéieren. Ech hunn all d’Biographië gelies. De Film iwwer hie gekuckt. Mir koumen deemools, fir den Zaldoten déi gefall sinn an him ze gedenken. De Leit Merci ze soen, déi de Kierfecht ënnerhalen. Déi d’Erënnerung un hien héichhalen.”

E Sonndeg koum de Benjamin Patton net eleng zeréck op Lëtzebuerg. Hien huet säi Fils matbruecht. An et ass keen Zoufall, dat Studentinne vun der Miami University beim Memorial un d’Sacrificer vu virun 80 Joer erënnert hunn. Et ass keen Zoufall, datt den Urenkel vum Generol George Patton Blumme virum Monument néiergeluecht huet.

“Vill Leit erënnere sech net un hir Vergaangenheet. Hei kann ech mengem Fils seng eege Geschicht bäibréngen. Dofir sinn ech frou, hei ze sinn. Sou léiert een d’Geschicht ze respektéieren, an Éier ze halen”, sou de Benjamin Patton.

Den Enkel vum Generol seet de Membere vum Patton-Musée, den Autoritéiten an doriwwer eraus alle Lëtzebuerger Merci, datt se d’Erënnerung héichhalen.

“Take care of the memory”

Dat maachen och Begeeschterter, wéi den Dan Arendt, deen d’Willys, mat där de Generol wärend der Ardennenoffensiv am Land ënnerwee war, nogebaut huet.

“Ech fannen e Mann, deen esou eppes gemaach huet fir eist Land, dat soll op esou eng Aart a Weis honoréiert ginn. Op jidder Fall. U sech ass dat jo en Nationalheld, de Patton. An ech hunn ëmmer gesot als Kand, ech kréien esou eng Jeep. An ech hu mer deen Dram erfëllt virun, loosse mer soen, 25 Joer.”

“Hie war net perfekt”, sou dem Generol säin Enkel. Vun him behält hien allerdéngs virop eent zeréck:

“Sai berüümt: ‘De l’audace, encore de l’audace, toujours de l’audace.’ Hien wollt ëmmer weider no vir. Ëmmer no vir, prett fir z’attackéieren. Eng aner Devis war: Bekëmmer dech ëmmer ëm deng Truppen”, sou säin Enkel.

Truppen, déi Chrëschtdag 1944 Ettelbréck eng zweet Kéier befreit hunn. No battere Méint, déi an Amerika als “Battle of the Bulge” an d’Geschicht agaange sinn. Eng Zäit, un déi um fonkelnei amenagéierte “Patton Square” zu Ettelbréck erënnert gëtt.

Back to Top
CIM LOGO