90 Aarbechtsplaze betraffFast Track Diagnostics zu Esch mécht zou

RTL Lëtzebuerg
D'Aktivitéite vun der Duechterfirma vu Siemens, déi op d'Entwécklung vu PCR-Tester spezialiséiert ass, wäerte bis September zréckgefuer ginn.

Viru 7 Joer hat d’Medezintechnik-Spart vu Siemens d’Start-Up Fast Track Diagnostics fir 75 Milliounen Euro kaf - elo gëtt d’Firma zougemaach. Bis September sollen d’Aktivitéiten zeréckgefuer a komplett gestoppt ginn, heescht et vum Mammenhaus Siemens. 90 Aarbechtsplaze sinn zu Esch am House of Biohealth a Gefor.

Zanter dem Peak vun der Corona-Pandemie ass d’Demande u PCR-Tester konsequent zeréckgaangen, sou datt d’Mammenhaus Siemens decidéiert huet, déi kleng Lëtzebuerger Entitéit zouzemaachen.

2006 war Fast Track Diagnostics vum Bill Carmann zesumme mat de Responsabele vun Laboratoires Réunies gegrënnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO