Geriicht"Faux intellectuel" an der Affär Lux/Lopez vs Fola Esch?

Roy Grotz
D'Geschäftsleit Eric Lux a Gérard Lopez an zwee Ex-Comitésmembere vun der Escher Fola musse sech méiglecherweis wéinst "Faux intellectuel" veräntwerten.

Dat gouf an éischter Instanz vun der Chambre de Conseil vum Stater Bezierksgeriicht decidéiert, sou hunn et de Radio 100,7 a Reporter gemellt. Déi véier Concernéiert ginn awer an Appell, sou datt et net kloer ass, ob et iwwerhaapt zu engem Prozess kënnt.

Hannergrond ass eng finanziell Transaktioun tëscht der Formel 1-Ecurie “Lotus” an dem Escher Futtballclub aus dem Joer 2014.

Geldwäsch bei der Escher Fola? No der Affär Becca/Joubert elo d’Fola a Lotus F1 am Viséier (19.6.2015)

Ewell virun néng Joer hat eng Kommissioun vun der FLF eng Denonciatioun beim Parquet gemaach, well dem Reviseur PWC e suspekten Don a Milliounenhéicht vun der Formel 1-Ecurie un d’Fola opgefall war. D’Fola soll d’Suen duerno un de Gérard Lopez an un eng Gesellschaft vum Eric Lux zu Hong Kong transferéiert hunn. Ob a wéi eng Géigeleeschtungen et goufen, war a béide Fäll net kloer.

De Parquet hat doropshin eng Enquête opgemaach wéinst presuméiertem “Abus de bien sociaux” a Blanchiment. Inculpéiert goufen nieft de Geschäftsleit Lopez a Lux och den deemolege Fola- Caissier François Dele an den deemolege Fola-Vizepresident Mauro Mariani.

D’Affekote vun de véier Inculpéierte sote géintiwwer dem 100,7, datt d’Chambre du Conseil d’Affär just nach wéinst intellektueller Fälschung viru Geriicht wéilt verhandelen. Déi aner Chargë goufe fale gelooss, well et en Non-lieu gouf.

D’Affekote widderhuelen, datt hir Mandante komplett onschëlleg wieren a wëllen och beim Reproche vum “Faux intellectuel” en Non-lieu.

E “Faux intellectuel” läit vir, wann den Inhalt vun engem u sech echten Dokument wëssentlech gefälscht gouf.

Ob et wéi gesot zu engem Prozess kënnt, ass alles wéi net sécher, well d’Affär lo vun der Chambre de Conseil vum Stater Bezierksgeriicht muss gepréift ginn.

Et gëllt weiderhi fir all Bedeelegt d’Présomption d’Innnocence.

Back to Top
CIM LOGO