Caritas-SpezialkommissiounFEDAS hat der Regierung schonn am August 2024 hir Hëllef ugebueden

RTL Lëtzebuerg
D'Fédération des acteurs du secteur social hätt d'Hëllefsoffer an der Caritas-Affär an engem Bréif ugebueden.
© RTL

Caritas-Spezialkommissioun: E Reportage vum Marlène Clement

Dat war also knapp ee Mount, nodeems de Bedruch ëm 61 Millioune bei der Hëllefsorganisatioun bekannt gi war. Dat huet de FEDAS-Generaldirekter, Thomas Lentz, e Méindeg am spéiden Nomëtten an der Caritas-Spezialkommissioun an der Chamber erkläert. Zu engem éischten Treffen tëschent der Federatioun vun den Acteuren aus dem soziale Secteur a Regierungsvertrieder koum et awer eréischt am Dezember.

D’Federatioun vun den Acteuren aus dem soziale Secteur hätt am September, nodeems se ee Rappell geschéckt hat, eng Äntwert vum Staatsministère kritt, präziséiert hire Generaldirekter, Thomas Lentz op Nofro hin no der Caritas-Spezialkommissioun. Do war d’Decisioun eng nei Entitéit - nämlech HUT - ze grënnen, fir déi national Aktivitéite vu Caritas a Ronn 350 Mataarbechter ze iwwerhuelen, awer scho geholl.

En éischten Echange mat Regierungsvertrieder gouf et den 19. Dezember.

“Wou mer am Fong ons Punkte presentéiert hunn, fir ze soen, wat misst geschéien, fir de Secteur méi resilient fir sou Krisen ze maachen. An doropshi war ee Suivi de 25. Februar.”

D’Federatioun vun de Patronen aus dem soziale Secteur huet den zoustännege Ministèren een zéng Punkte-Programm presentéiert. Zil wier et elo nach virum éischte Mee ee Protocole d’accord mat hinnen ze ënnerschreiwen, esou de FEDAS-Generaldirekter. D’Rapportrice vun der Caritas-Spezialkommissioun an LSAP-Fraktiounscheffin, Taina Bofferding, bedauert, datt d’Regierung net éischter op d’Hëllef vun der FEDAS zeréckgegraff huet.

“Jidderee wollt jo iergendwéi awer d’Caritas retten, och wann net ëmmer sou ganz kloer ass. Mee trotzdeem ass net versicht ginn, déi Aktivitéiten op aner Prestatairen dann opzedeelen, well soss hätt ee sech mat hinnen dohinner gesat, well si eben all d’Prestataire regruppéieren.”

D’FEDAS hat zejoert och ugekënnegt, de soziale Plaidoyer vun der Caritas ze iwwerhuelen, wéi kloer war, datt déi nei Entitéit HUT dat net géing maachen. D’Sujete wieren antëscht definéiert, esou de Generaldirekter vun der Federatioun.

“Mir hoffen datt mer virun der grousser Vakanz en éischte Bilan kënnen zéien. Mee definitiv bei der Rentrée wäert do eppes kommen.”

E Mëttwoch komme Vertrieder vum Bistum an der Caritas-Spezialkommissioun zu Wuert. De 26. Mäerz ass et um fréiere Caritas-Direkter Marc Crochet.

Back to Top
CIM LOGO