
Dat deelt d’Federatioun per Communiqué mat.
An deem Zesummenhang gouf sech Suerge gemaach, datt eng kritesch Stëmm verschwanne géing.
De Verwaltungsrot vun der Fedas huet bei senger leschter Reunioun d’lescht Woch elo decidéiert, seng Missiounen auszebauen an e soziale Plädoyer z’assuréieren. Et gëtt präziséiert, datt een en eegene Plädoyer géing opbauen an net d’Aktivitéite vun der Fondatioun Caritas iwwerhuele géing.