Ee Mount no den EuropawalenFedil mécht sech Suergen ëm d'Kompetitivitéit an Europa

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem misst déi nächst Kommissioun endlech dem "Tsunami u Reglementatiounen" en Enn setzen.

D’europäesch Kompetitivitéit mécht der Fedil grouss Suergen. D’Industrielle Vertriedung fuerdert ee Mount no den Europawalen an en vue vun der Formatioun vun der neier europäescher Kommissioun, datt kloer Mesurë geholl ginn, fir d’ekonomesch a sozial Situatioun an d’Perspektiven an der EU ze verbesseren.

Ënnert anerem misst déi nächst Kommissioun endlech dem “Tsunami u Reglementatiounen” en Enn setzen. D’Simplification adminsitrative misst seriö an Ugrëff geholl ginn, fuerdert d’Fedil.

Donieft misst d’EU nei kommerziell Accorde schléissen, déi d’Onofhängegkeet vun Europa stäerken.

Hei de Communiqué vun der Fedil!

Back to Top
CIM LOGO