Secouristen hate vill ze dinnFeier a enger Hal an eng Persoun ugestouss zu Féiz

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale gouf et an der Nuecht op en Donneschdeg e gréissere Brand, dat an der Industriezon zu Féiz.
© RTL-Archiv

Géint 1 Auer war d’Feier an enger Hal ausgebrach. D’Pompjeeën aus der ganzer Géigend - vun Esch, Monnerech, Diddeleng, Schëffleng, Beetebuerg an aus der Stad - waren am Asaz. Detailer feelen nach, ma iwwert Blesséierter gouf op alle Fall bis ewell näischt matgedeelt.

Anescht war dat bei engem weideren Asaz e bësse méi fréi um Mëttwoch den Owend zu Féiz. Géint 19 Auer war ee Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn, esou datt d’Ambulanz vun Esch huet missen op d’Plaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO