
De Schapp vum Zuch “Josy” läit an der Gemeng Beefort a gouf iwwer Jore vu verschiddene Scouten als Chalet genotzt. Virun e puer Joer goufen hei och Bewunner aus dem ofgebrannten Hotel Grondhaff ënnerbruecht.
Um Donneschdeg de Mëtteg huet de Schapp ugefaange mat brennen. Op der Plaz waren d’Pompjeeë vu Beefort, Waldbëlleg, Fiels, Bäerdref, Konsdref, Reisduerf an Iechternach, wéi och d’Police vun Iechternach an d’Ambulanz aus der Fiels.
De Schapp ass komplett ofgebrannt. Wéi et zum Feier koum, huet d’Gemeng net matgedeelt.