Lëtzebuerger ArméiFeierlech Vereedegung um Härebierg: Manner Rekrutte wéi soss

Serge Pauly
40 Rekrutte goufen um Härebierg vereedegt. Wat motivéiert déi jonk, sech an dësen onsécheren Zäit an der Arméi z’engagéieren?
Feierlech Vereedegung um Härebierg: Manner Rekrutte wéi soss
40 Rekrutte goufen um Härebierg vereedegt. Wat motivéiert déi jonk, sech an dësen onsécheren Zäit an der Arméi z’engagéieren?

39 Zaldoten an eng Militärmusekerin schwieren hiren Eed op d’Lëtzebuerger Verfassung. Fir déi Concernéiert ee feierleche Moment, op dee si wärend véier Méint an hirer “Instruction de Base” higeschafft hunn. Si hu sech fir en Job decidéiert, deen an de leschte Joren ee ganz anere Stellewäert krut. An Zäiten, wou an der Ukrain nach ëmmer Krich ass a wou den zukünftege US-President Trump doriwwer fabuléiert, Grönland zur Nout och mat militärescher Gewalt ënnert seng Kontroll ze bréngen, ass déi geopolitesch Situatioun zimmlech ugespaant. De militäreschen Eeschtfall ass keen abstrakten Zenario méi.

An hiren offizielle Riede verweisen de Colonel Alain Schoeben an d’Verdeedegungsministesch Yuriko Backes op den Ukrain-Krich, d’Bedréiung duerch Russland an déi nei Erausfuerderungen och fir d’Lëtzebuerger Arméi. Wärend de Stellewäert vun der Arméi wiisst, sinn d’Rekrutementszuelen aktuell awer réckleefeg. Leschte September hu sech 20 Rekrutte manner gemellt, wéi dat soss beim Rekrutement no der grousser Summervakanz de Fall ass. Et ass nach ze fréi, fir vun engem Trend ze schwätzen, mee de Generol Steve Thull erkläert, dass déi 39 vereedegt Zaldoten vun haut eigentlech net duerginn, fir d’Stäerkt vun der Arméi ze halen. De Soll géif bei 45 neien Zaldote pro Partie leien.

Ee vun den 39 neien Zaldoten ass de Can Güler. Den 20 Joer ale Mann gouf och als beschten Zaldot vun der 204. Rekrutementssessioun ausgezeechent. Den 20 Joer ale Mann huet ee klore Beruffswonsch: Offizéier. Mee amplaz direkt op eng Offizéier-Schoul ze goen, huet hien den Ëmwee iwwert d’”Instruction de Base” gewielt, fir d’Arméi esou besser kennenzeléieren. No véier Méint, wou hien dacks op d’Zänn huet misste bäissen a wou hien u seng kierperlech a mental Limitte koum, seet hien: “Wat ech méi laang hei sinn, wat ech mech méi an de Beruff verléiwen.” Op déi geopolitesch Situatioun ugeschwat, gëtt den Zaldot Güler zou, dass dat fir hien a seng Famill duerchaus en Thema wier. Mee hien erkläert, dass jiddwer Zaldot wéisst, op wat hien sech aloosse géif.

Hei d’Schreiwes mat den Detailer

Promesse solennelle de la 204e session de recrues (10.01.2025)
Communiqué par : état-major de l’armée

Vendredi 10 janvier 2025, l’Armée luxembourgeoise a invité à assister à la 204e promesse solennelle de recrues qui avait lieu au centre militaire à Diekirch, en présence de Yuriko Backes, ministre de la Défense, du général Steve Thull, chef d’état-major de l’Armée luxembourgeoise, du colonel Alain Schoeben, commandant des Forces et des membres de l’Armée.

La transformation du candidat civil en militaire

Lors de la cérémonie, 40 personnes dont une candidate de la musique militaire sous le statut de fonctionnaire-stagiaire, faisant preuve d’engagement, de droiture et de fiabilité ont prêté serment après avoir réussi la formation initiale. Ils ont promis obéissance à la Constitution, aux lois de l’État, aux règlements militaires et fidélité au Grand-Duc et au drapeau dans l’accomplissement de leur service militaire. La réussite marque pour les volontaires la fin de leur instruction de base de quatre mois, mais également le début de leur service militaire au sein de l’Armée.
Les prochaines étapes pour les soldat·e·s seront dès lors l’instruction individuelle avancée suivie de l’instruction individuelle spécialisée, afin de les préparer au mieux à leur engagement au sein des diverses unités, dans le but de créer des troupes robustes, plus opérationnelles et disponibles.

Engagement, droiture, fiabilité

La cérémonie de la «promesse» est l’expression de l’esprit de corps de l’Armée luxembourgeoise. Fidèle à la tradition, la fourragère, symbolisant la conversion des recrues soldat·e·s à part entière, a été discernée aux récipiendaires. Par ailleurs, trois recrues ont été récompensées pour leurs excellentes performances au cours de leur instruction de base: soldat Can Mehmet Güler (1er classé), soldat Quentin Brandenburger (2e classé et meilleur sportif), soldat Loïc Kaysen (3e classé et meilleur tireur).

«Je félicite les 40 soldat·e·s qui ont terminé avec succès leurs quatre mois d’instruction de base. Nous sommes fiers de votre performance et de votre engagement pour la défense du pays et la défense collective.», a souligné la ministre de la Défense Yuriko Backes.

D'Vereedegung vun den neie Rekrutte vun der Arméi
E Freideg goufen déi nei Rekrutte vun der Lëtzebuerger Arméi vereedegt.

Back to Top
CIM LOGO