D'Police melltFënnef Abréch en Donneschdeg uechter d'Land

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend gouf géint 20 Auer ënnert anerem an e Firmegebai an der Route de Capellen zu Holzem agebrach.

Déi presuméiert Täter waren iwwert een Zonk geklommen a sinn esou op den Terrain komm. Wou si eng Fënster ageschloen hunn fir an d’Gebai eran ze kommen, gouf den Alarm ausgeléist. Mat eidelen Hänn hu si sech dunn duerch d’Bascht gemaach.

Um Kierchbierg gouf ëm kuerz no 20 Auer an der Rue des Maraîchers an eng Wunneng um Rez-de-chaussée agebrach. Den Abriecher hat hei eng Terrassendier opgebrach. Een Noper huet den Onéierlechen allerdéngs erbléckst, wouropshin dee fortgelaf ass. Eng Sich vun der Police ass ouni Erfolleg bliwwen.

An der Rue des Merisiers zu Mamer haten d’Abriecher allerdéngs méi Gléck a konnte Wäertgéigestänn matgoe loossen. Iwwert eng Gaardemauer ware si op en Daach geklommen, vu wou aus si eng Fënster opgebrach hunn. Den oder d’Abriecher hunn dat komplett Haus duerchsicht a konnte sech ënner anerem mat Bijouen duerch d’Bascht maachen. Wou de Bewunner vum Haus heemkoum, huet hien den Abroch der Police gemellt.

Zu Hesper an der Montée de Château huet een Abriecher en Donneschdeg tëscht 12 an 18 Auer een Haus duerchsicht. Hie war iwwert eng Dier hannert dem Haus an d’Gebai erakomm. Hien huet eng ganz Rei Wäertgéigestänn matgoe gelooss.

Eng aner Wunneng am Rez-de-chaussée gouf tëscht 9 a 17.30 Auer an der Rue de la Tour Jacob a Clausen duerchwullt. Och hei goufen eng Rei Saache geklaut. Den Abriecher hat ee Lach an eng Fënster geschloen, esou datt hie se konnt opmaachen.

An alle Fäll gouf eng Plainte gemaach, d’Spueresécherung war op der Plaz an et goufen Ermëttlungen an d’Weeër geleet.

Back to Top
CIM LOGO