
Ee Moto an een Auto waren do an der Rue de la Paix net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf blesséiert an eng Ambulanz vun Diddeleng war op der Plaz.
Um Stafelter huet et du géint 19 Auer nach emol geknuppt. Hei waren zwee Autoe matenee kollidéiert. Eng Ambulanz vu Jonglënster war op der Plaz, ma blesséiert gouf keen. Géint 20 Auer gouf et een Accident mat engem Blesséierten um CR370 tëscht Dickweiler an Uesweller. Am Accident war just een Auto involvéiert.
Am Laf vun der Nuecht gouf et zwee weider Accidenter, an deene jeeweils just ee Gefier mat dra war.
Géint 2 Auer um fréie Sonndeg de Moien ass een Auto tëscht Waasserbëlleg a Mompech accidentéiert. Der Police no war de Chauffer vum Auto, deen op dem CR141 d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer huet, alkoholiséiert. Hien ass mat engem Stroosseschëld kollidéiert, ier seng Faart an engem Gruef op een Enn koum. de Chauffer gouf liicht blesséiert a gouf an d’Spidol bruecht, En Alkoholtest war positiv an et gouf ee Protokoll erstallt.
Ëm 4.20 Auer ass an der Rue du Pont zu Wolz een Auto an eng Mauer gerannt, woubäi och eng Persoun blesséiert gouf. Eng Ambulanz vu Wolz war do.
Um Keeler Potto a Richtung Neiduerf zu Esch war an der Nuecht op e Samschdeg eng weider Persoun mat ze vill Alkohol ënnerwee. Der Policepatrull ass den Auto opgefall, deen am Zickzack gefuer ass. De Won gouf ugehalen. Eng Alkoholkontroll huet och hei ee positiivt Resultat gewisen an de Chauffer war säi Fürerschäi lass.
Zu Esch hat et iwwerdeems schonn e Samschdeg am Nomëtteg een änleche Virfall ginn. Hei war enger Policepatrull an der Rue du Canal een opfälleg futtisten Auto an d’A gesprongen. De Chauffer huet Unzeeche vun ze héijem Alkoholkonsum gewisen, wat een Alkoholtest dann och confirméiert huet. Och hie misst säi Permis ofginn.