
E Méindeg de Moie géint 6.40 Auer gouf et tëscht Bidscht a Wolz een Accident. Och hei mellt de CGDIS ee Verwonnten.
Da koum et géint 12.15 Auer zu engem Accident zu Klengbetten an der Koler Strooss. Do hate sech en Auto an e Camion ze pake kritt. Eng weider Kéier hat et géint 15.20 Auer nach um Cents gerabbelt, dat an der Rue Paul Albrecht an 20 Minutte méi spéit tëscht Helfent a Bartreng. Allkéiers gouf et ee Blesséierten.