
Fënnef Persoune goufen hei blesséiert. Nieft dem Rettungshelikopter vun der Air Rescue waren d’Ambulanze vu Jonglënster, aus der Stad, der Fiels a vun Iechternach op der Plaz. Grad ewéi de Samu an d’Pompjeeë vun Nidderaanwen.
D’Streck war wärend de Rettungsaarbechten a béid Direktioune fir den Trafic gespaart. Um 17.37 Auer ass d’Strooss a Richtung Stad nees opgaangen. An Direktioun Iechternach ass se den Ament nach zou.