
En éischten Accident gouf et kuerz viru 6 Auer op der Escher A4 tëscht Lankelz a Lalleng, wéi et tëscht dräi Ween geknuppt huet. D’Ambulanciere vun Esch, Suessem-Déifferdeng an Diddeleng, grad ewéi d’Pompjeeë vun Esch a Monnerech hu sech ëm déi dräi verletzt Persoune gekëmmert.
Eng gutt Stonn méi spéit waren dann um Boulevard Charles de Gaulle zu Esch-Uelzecht zwee Autoen net laanschtenee komm. Och hei gouf et ee Blesséierten. D’Rettungsdéngschter vun Esch a Keel waren um Asaz.
Zu Nidderkäerjeng an der Avenue du Luxembourg war géint 7.47 Auer e Motocyclist vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. Hei waren d’Rettungsekippe vum Zenter Suessem-Déifferdeng a Käerjeng op der Plaz.