
Hei sinn en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt, de Samu aus der Stad war op der Plaz.
Eng gutt Véierelsstonn méi spéit gouf et en Accident mat zwee Gefierer zu Hollerech um Boulevard Pierre Dupong. Hei mell de CGDIS zwee Blesséierter.
An an der Millebaach goufen och zwou Persoune verwonnt, wéi géint 20.25 Auer e Won an eng Palissad geknuppt ass.