A1 Direktioun StadFënnef Blesséierter bei engem Accident

RTL Lëtzebuerg
Géint 8.20 Auer e Mëttwoch de Moien ass et op der A1 an Direktioun Stad zu enger Kollisioun tëscht dräi Autoe komm.

Dobäi goufen am Ganze fënnef Persoune blesséiert. Op der Plaz waren zwou Ambulanze vu Mäertert, eng Ambulanz vu Jonglënster an eng vu Lëntgen, grad ewéi d’Pompjeeë vu Mäertert a Fluessweiler.

Scho kuerz viru 7 Auer hate sech op der N31 tëscht Péiteng an Nidderkäerjeng zwee Autoen ze pake kritt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. D’Ambulanz aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng an d’Pompjeeë vu Péiteng waren op der Plaz.

Géint 14.40 Auer gouf dann eng Persoun zu Eech blesséiert, wéi en Auto e Cyclist ze pake krut. Hei waren d’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Stad am Asaz.

Ee weidere Blesséierte gouf et dann, wéi um 15 Auer an der Sater Groussgaass eng Poubelle Feier gefaangen hat. Hi waren d’Pompjeeën aus der Stad am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO