Op eise StroossenFënnef Blesséierter bei véier Accidenter an de leschte Stonnen

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS eng Rëtsch Accidenter vun en Donneschdeg den Owend an aus der Nuecht op e Freideg.

Méi uerg war den Tëschefall op der National 12 tëscht Wëntger an dem Antoniushaff, wou géint 18.30 Auer een Auto verongléckt ass. Eng Automobilistin war aus ongekläerter Ursaach op déi aner Fuerbunn geroden an ass an e Bam gerannt. Eng Persoun gouf uerg blesséiert, eng weider méi liicht. De Rettungshelikopter war niewent de Secouriste vu Wëntger a Clierf am Asaz.

D’Rettungsdéngschter vun Housen, Buerschent a vum CIS Nordstad hu sech dann ëm ee Blesséierte gekëmmert, nodeems sech géint 16.45 tëscht der Lëpschter Dällt an Houschent en Auto an e Moto ze pake kruten.

Zu Diddeleng gouf géint 22 Auer e Foussgänger ugestouss a verwonnt. An géint 1 Auer krute sech an der Forge du Sud och zwee Autoen ze paken, wou et och ee Blesséierte gouf. A béide Fäll waren déi Diddelenger Ekippen am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO