
Zwou Persoune goufen hei blesséiert. Op der Plaz waren d’Ambulanze vun Ëlwen a Clierf an d’Pompjeeë vu Wëntger.
Géint 8.40 Auer e Freideg de Moie sinn dann zu Ettelbréck zwee Autoen aneneegerannt. Och hei gouf et ee Blesséierten. Am Asaz waren d’Pompjeeën an d’Ambulanz aus der Nordstad.
Um 14.25 Auer sinn zu Kënzeg zwee Gefierer anenee gerannt, wouduerch 3 Persoune blesséiert goufen. D’Rettungsekippe vu Suessem/Déifferdeng, Esch, Mamer a Käerjeng-Péiteng waren op der Plaz.
Kuerz no 16 Auer gouf et dann och nach e Blesséierten an der Kautebaach. Och hei waren zwee Autoen net laanschtenee komm. D’Secouriste vu Wolz a vu Kiischpelt waren am Asaz.