Auto flitt aus der Kéier an e Kand gëtt ugestoussFënnef Blesséierter no Accidenter um Freidegmëtteg

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vum Freidegmëtteg ass et op dräi Plazen zu Accidenter am Verkéier komm.

Um 14.24 Auer hat en Automobilist tëscht Biissen a Béiwen-Atert d’Kontroll iwwert säi Gefier verluer a war mat dësem aus enger Kéier geflunn.

Géint 16.05 Auer gouf dann zu Diddeleng e Kand vun engem Auto ugestouss. Hei waren de Samu vun Esch grad ewéi d’Pompjeeën an d’Ambulanciere vun Diddeleng op der Plaz.

Nëmmen e puer Minutten drop goufen et dann dräi Blesséierter, wéi sech zu Wuelper zwee Autoen ze pake kruten. Hei waren d’Pompjeeë vu Konsdref an Iechternach, d’Ambulanciere vun Iechternach, Jonglënster an der Fiels, grad ewéi zwee Samusdokteren am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO