Méiglecherweis duerch d'HëtztFënnef Muppe sollen no Openthalt an enger Déierepensioun gestuerwe sinn

RTL Lëtzebuerg
D'Frënn vun den Déiere sinn an de soziale Reseauen entsat. Zu Recht, seet d'Déiereschutzorganisatioun FRIDA RTL géintiwwer.
Symbolfoto.
Symbolfoto.

Wéinst engem Openthalt an enger Pensioun fir Muppen, déi eisen Informatiounen no zu Käerjeng soll sinn, wären am nämmlechten Zäitraum fënnef Déiere gestuerwen, heescht et vun der ASBL.

Fir d’éischt hat eng traureg Proprietärin hir Roserei an de soziale Reseauen ausgedréckt. Duerno haten nach weider Leit sech geäussert, deenen hir Muppen nach an der Pensioun, oder kuerz duerno an enger Déiereklinik, respektiv beim Veterinär, gestuerwe sinn.

D’Organisatioun FRIDA huet RTL géintiwwer erkläert, op d’mannst eng vun de concernéierte Persounen hätt eng Plainte bei der Police géint d’Proprietärin vun der Muppe-Pensioun gemaach.

Ënner wéi engen Ëmstänn déi fënnef Muppe gestuerwen, respektiv krank gi wären, geet och aus de Posten op der Plattform Facebook net kloer ervir. D’Déiereschutzorganisatioun geet dervun aus, dass d’Déiere wuel am Zesummenhang mat Hëtzt ëm d’Liewe komm wären. D’ASBL reprochéiert der Pensioun, ze vill Muppen ugeholl an d’Proprietären ugelunn ze hunn. Déi hätten ëmmerhi vill Sue bezuelt, fir dass hiren Hond a gudden Hänn wär.

Back to Top
CIM LOGO