
Vun der Police huet et op Nofro geheescht, datt op d’mannst an engem vu béide Geschäfter agebrach gouf, dat géint 5 Auer moies. Informatiounen doriwwer, ob et een oder méi Täter gouf, ginn et den Ament net. Och ass aktuell näischt doriwwer gewosst, wat geklaut gouf. D’Ermëttlunge lafen.
Am Laf vun Dag gëtt dësen Artikel aktualiséiert.