An d‘Press wär net fair. Dat alles kënnt aus dem Mond vum Fraktiounspresident vun der ADR. D‘Partei hat um Mëttwoch invitéiert, fir d‘parlamentarescht Joer ofzeschléissen. An zwar an de Restaurant op d‘Schéiss an der Stad.
A wann déi bei der ADR en Hannergedanken haten, da muss ee soen: eng besser Plaz fir op d‘Regierung, déi aner Parteien a virop d‘Press ze schéissen ewéi déi, wou de Sportveräin vun den Arquebusieren ass, hätt een net kënne fannen.
Bei de leschten dräi Walen gesäit de Fraktiounschef Fred Keup d‘ADR als Gewënner. Well seng Partei bäigeluecht huet, géif et Blo-Rout-Gréng net méi ginn.
„Den Här Frieden kann der ADR all Dag Merci soen, dass e Premierminister ginn ass.“
Chef vun enger Regierung déi bis elo keng aner Politik géif maachen ewéi déi vun der Dräierkoalitioun virdrun.
„Déi eng Politik war, déi net gutt war: Lëtzebuerg ass méi onsécher, méi deier, méi aarm a manner liewenswäert ginn. Et gëtt méi Stau.“
Vill Kritik. Ma d‘ADR wär pragmatesch, seet de Fred Keup. Wann een eng Propose gutt géif fannen an der Chamber, géif ee se matdroen. Am Géigesaz zu der LSAP, de Piraten, de Gréngen an déi Lénk, déi kategoresch géint alles wären.
„Et kéint een hinnen roden: firwat dann net? Ditt iech zesummen! Maacht zesummen eng grouss Partei ewéi a Frankräich!“
Virop géint déi Gréng huet d‘ADR sech nach ëmmer ageschoss. Eng Partei, déi fir villes steet, géint dat d‘Rietspopulisten sinn.
„Mir sinn net géint den elektreschen Auto. De Konsument soll selwer kënne fräi decidéieren. Dofir si mir och dofir, dass d‘Subside fir Elektroautoen ofgeschaf ginn, well déi an de Maart agräifen.“
Aussepolitik: Do steet d‘ADR fir Gespréicher mat Russland, obwuel de President Putin d‘internationaalt Recht gebrach huet.
„Dir musst realistesch sinn. Wéi kënnt een do nach raus? Russland verléiert dee Krich net. Dat maache se net.“
D‘Ukrain soll keng Waffe kréien, fuerdert d‘ADR. Wärend 10 Minutten huet de Fred Keup du rezent Artikelen aus der Lëtzebuerger Press virgelies, an deenen d‘ADR an/oder hir Politiker kritiséiert ginn. Fir dann op d‘Konklusioun ze kommen:
„Heiansdo si lénks Léisunge vläicht déi richteg. An heiansdo si rietser déi richteg.“
De Fraktiounspresident vun der ADR wënscht sech eng Press an der riets Iddien – also och seng – méi Gehéier fannen.