
Deemno krut d’Police owes e Mann gemellt, deen an der Stad an der Rue de Neudorf versiche géif, Autosdieren opzemaachen. Duerno wier en a Richtung Clausen gaangen, d’Police konnt de Verdächtegen allerdéngs méi spéit stellen.
Am Kader vun den Ermëttlunge konnten ausserdeem nach zwee weider Gefierer ermëttelt ginn, déi duerchwullt goufen. Géint de presuméierten Täter gouf op Uerder vum Parquet Protokoll erstallt.
Iwwerdeems mellt d’Police dann eng Festnam no engem Abroch zu Rammeldang. Zwee Brigange waren hei um Donneschdegmoien an en Haus an der Rue Principale agedrongen. Dobäi goufe si vun engem Bewunner iwwerrascht an hunn doropshin d’Flucht ergraff. E puer Unitéite vun der Police sinn op d’Plaz komm an et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet. Déi zwee presuméiert Abriecher konnte schliisslech gestallt ginn. Si goufen op Uerder vum Parwuet festgeholl a koume virun den Untersuchungsriichter.