PolicebulletinFestnam no Abroch um Sennengerbierg

RTL Lëtzebuerg
E Samschdegowend géint 22 Auer hat en Abriecher um Sennengerbierg op zwou Plazen zougeschloen.

De Brigang hat deemno versicht an en Haus anzebriechen, gouf allerdéngs vum Proprietär iwwerrascht an ass geflücht. Kuerz duerno huet hien et an engem weideren Haus probéiert, wou et him du gelongen ass, Suen a Bijoue matgoen ze loossen. D’Police konnt den Déif awer stellen an dëse gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

Back to Top
CIM LOGO