Hat 36 Bulle Kokain bei sechFestnam vu presuméiertem Drogendealer zu Esch
RTL Lëtzebuerg
E Samschdeg gouf d'Police an der Rue Saint-Antoine zu Esch op e Mann opmierksam, bei deem de Verdacht bestoung, dass et en Drogendealer kéint sinn.
Update: 09.12.2025 10:12
Bei der Kontroll dunn huet sech de Verdacht confirméiert: Am Ganze goufe 36 Bulle Kokain beim Mann fonnt. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Dealer festgeholl an hie koum e Sonndeg virun den Untersuchungsriichter.